Allianz fir direkt Demokratie an Europa

Allianz fir direkt Demokratie an Europa
Ofkierzung ADDE
President Roger Helmer
Gegrënnt 30. September 2014
Opgeléist 24. Mee 2017
Ideologien Euroskeptizismus
Populismus
Politesch Positioun Riets
Websäit addeurope.org

D'Allianz fir direkt Demokratie an Europa (ADDE; en.: Alliance for Direct Democracy in Europe; fr.: Alliance pour la démocratie directe en Europe; de.: Allianz für Direkte Demokratie in Europa) war eng europaskeptesch politesch Partei op europäeschem Niveau. Si gouf 2014 gegrënnt an haaptsächlech vun der brittescher UK Independence Party dominéiert. Donieft waren awer och ënner anerem déi rietspopulistesch Schweedesch Demokraten dra vertrueden.

Memberparteie waren ënner anerem d'Alternative für Deutschland (AfD), d'UK Independence Party (UKIP) an d'schwedesch Demokraten (Sverigedemokraterna).

D'Partei ass 2017 opgeléist ginn, nodeems bei engem Audit erauskomm ass datt d'Partei EU-Gelder zweckentfriemt huet an zeréckbezuele sollt.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. theguardian.com: Defunct Eurosceptic party linked to Ukip asked to repay €1.1m (30. Mee 2018)

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search